
Pray...© afp
Am David Letterman senger Late Night Show huet de Bono iwwert de neien Album vu U2 geschwat. Wéini hiren 13.Studioalbum erauskomme wäert, konnt de Bono net soen. De Producer Quincy Jones huet him gesot, dass een drop waarde muss, bis Gott duerch de Raum geet. D’U2 Fans si net presséiert, allerdéngs erwaarden se net just en “gudden”, mä e „groussaartegen“ Album, sou dass et der Band hir Pflicht ass, Top-Material ofzeliwweren. „Gutt“ ass de Feind“ vu „ganz gutt“. Hoffe mer mol, dass Gott geschwënn de Wee an d’U2 Studioe fënnt...