1963 haten zwou Frëndinnen, d’Barbara an d’Lyn, deemools 17 a 19 Jor al, de Beatles en Tounband geschéckt, mat deem se sech Hoffnungen op en Treffe gemaach haten. Dat Band war awer ni bei der Band ukomm, an ass spéider op engem Floumaart gelant. Do gouf et vun engem Historiker fonnt, deen et der BBC geschéckt huet, an déi hunn di zwou Damme siche gelooss. A fonnt. Si hate sech 40 Jor net méi gesinn, a krute lo op enger Beatles-Ausstellung zu Liverpool e perséinleche Message vum Paul McCartney iwwerreecht. „Merci fir dat léift Band. Enfin hunn ech et krit – besser spéit, wéi ni“, stoung ënnert anerem dran.