Metallica: Endlech zu Wacken?

James Hetfield a Co géife gären zu Wacken spillen, kruten anscheinend nach ni eng Invitatioun

Leschten Update: 01.10.2013, 10:57:13

© afp

Metallica warden op eng Invitatioun vum „Wacken Open Air“. De Batteur Lars Ulrich sot an engem Interview, souvill hee wéisst wiere si nach ni ageluede ginn. Metallica kréien all Dag honnerte Mailen aus der ganzer Welt – eng aus Norddäitschland war anscheinend nach net dobäi. Wacken gëllt mat ronn 80.000 Visiteuren zanter Joren als ee vun de wichtegste Metal-Festivaler op der Welt. An d’Organisateuren hu schonn öfters betount, dass si gäre Metallica am Line-Up hätten. D’Band wëllt och – feelt am Fong da lo just nach eng E-Mail. Oder, oldschool, en Telefonsappell.