Des Woch hu mir jo dem Justin Timberlake säi neien Album am „Eldo Album Check“ um Préifstand. „The 20/20 Experience“ Deel 2 wäert aller Viraussiicht no genee sou e Succès ginn, wéi den éischten Deel. Den Justin wäert Enn Oktober domat op Welttournée goen – fir d’éischt an Amerika an a Kanada, éiert en am Fréijoer d’nächst Joer och an Europa kënnt. Di nooste Concerte fir Timberlake-Fans si wuel den 20.Abrëll zu Köln, de 26.Abrëll zu Paräis an den 1.Mee zu Antwerpen.