Kakkmadafakka-10.10 live am Atelier

eng exzellent Liveband - lo fir d'éischt zu Lëtzebuerg

Leschten Update: 02.10.2013, 15:50:25

Alles huet am Jor 2004 ugefangen, am norwegeschen Bergen: d'Bridder Axel Vindenes an Pål Vindenes hunn zesumme mat hire Kollegen Stian Sævig an Jonas Nielsen decidéiert eng Band ze grënnen, fir een eenzegen Concert fir hir Frënn ze spillen. Allerdéngs net iergendee Concert: et sollt mat Ofstand dee spektakulärsten Concert ginn, dee je ee vun hinne gesinn hat. Si hunn hir Band Kakkmaddafakka genannt. D'Show war sou spektakulär, dass hir Frënn si gefrot hunn weider opzetrieden an den Numm bäizebehalen. Wat si dunn och gemaach hunn.

Nach huet di norwegesch Musekindustrie si net eescht geholl. Dofir hunn Kakkmaddafakka 2007 hiren éischten Album "Down To Earth" an Eegeregie eraus bruecht. Agespillt wéi d'Bandmemberen grad mol tëscht 15 a 17 Joer al waren. D'Resultat war entspriechend chaotesch.
Haut ... 6 Joer méi spéit... hunn Kakkmadafakka net nëmmen de Ruff eng fantastesch Live-Band ze sinn- och um Radio ginn si vill gespillt.
Hiren aktuellen Album heescht "Six Months Is A Long Time" an dee presentéiert d'Band en Donneschden, 10. Oktober, live am Atelier.

LINK: Den Atelier





Links