
© afp
YouTube wäert den 3.November di éischte Kéier eegen Awards verginn, dat u Kënschtler, déi dank hire Usere weltwäit Hitte lande konnten. De 17.Oktober wäert YouTube bekannt gi, ween a wéi enge Kategorie nominéiert ass. D’Präisverleihung wäert zu New York an engem Club stattfannen, a Präsenz vun illustre Gäscht. Live-Optrëtter vum Lady Gaga, vum Eminem a vun Arcade Fire goufe schonn annoncéiert. Moderéiert gëtt den Owend vum Akteur Jason Schwartzman – dëse war fréier Batteur bei der Formatioun Phantom Planet.