Lostprophets: Trennung

Frontmann Ian Watkins wéinst sexuelle Vergoen ugeklot – Band kann a wëllt net méi weider maachen

Leschten Update: 02.10.2013, 11:31:12

Se hu laang driwwer nogeduecht, an elo de Schratt gewot: no 15 Joer trenne sech d’Lostprophets. An engem Statement op hirer Facebook-Säit seet d’Band, si kéinte net méi länger ënnert deem Numm Musek maachen. Grond ass e Geriichtsprozess, deen hire Frontmann Ian Watkins erwaard – dësen ass an 23 Fäll vu Sexualverbriechen ugeklot. Kanner a Puppelcher (!) solle souguer mat am Spill gewiescht sinn. Am November soll de Prozess ufänken, a bis dohi wäert de Watkins quasi ronderëm d’Auer iwwerwaacht ginn – et gëtt gefaart, hee kéint sech ëmbréngen. Dowéinst ass och geplangt, de Sänger aus senger Prisongszell an e speziellt Spidol z’iwwerweisen.