Anastacia: Grousse Merci!

D’Sängerin huet de Broschtkriibs fir d’zweet iwwerwonne, seet Merci, a schafft un engem neien Album

Leschten Update: 03.10.2013, 11:29:20

© facebook

„Ech soen iech alleguer merci fir är léif Wierder“, sou huet d’Anastacia viru kuerzem getwittert. D’Sängerin war ugangs des Joers, no 2003 eng zweete Kéier u Broschtkriibs erkrankt, an huet dëse lo eng zweete Kéier iwwerwonnen. Während der Behandlung huet d’Anastacia seng Brëscht mussen amputéiert kréien. Mä, hatt ass eng Kämpfernatur, an huet an de leschte Méint nei Lidder geschriwwen – dat hätt him beim Gesondginn gehollef, an d’Anastacia freet sech elo schonn drop, e neien Album erauszebréngen.