Robbie vs. Gary: Wetten, dass...?!

Britesch Wettbüroe bidden di kuriéiste Wetten un am Chartsduell R.Williams vs. G.Barlow

Leschten Update: 03.10.2013, 11:26:47

© afp

De 25.November kënnt dem Gary Barlow säi neie Solo-Album op de Marché. Ëm deen Dréi presentéiert de Robbie Williams eis säin 2. Swing-Album. Dat dierft op e groussen Chartsduell tëscht de fréieren Take-That-Kollegen erauslafen. An de britesche Wettbüroe kënnt dir drop wetten, ween méi Albume verkafe wäert. Den aktuelle Quote no dierft de Robbie dësen Duell fir sech entscheeden. Et kann een och drop wetten, ween de gréisste Succès an de Charts wäert hunn, an da gëtt et och nach Wetten, ob de Robbie nach eng Kéier mat Take That op Tour geet, oder hee mam Gary bei X-Factor am Duett optrëtt.