Slash: Horrorfilm Producer

De fréiere Guns n’ Roses Gittarist huet en Horrorfilm produzéiert, a liwwert d’Filmmusek dozou

Leschten Update: 04.10.2013, 08:34:02

© AFP

“Nothing left to fear” heescht den éischten Horrorfilm, deen de Slash produzéiert huet. Schonn als Kand war de fréiere Guns n’ Roses Gittarist vun deem Filmgenre faszinéiert, an huet sech lo quasi en Dram erfëllt. Heen huet de Film net nëmme produzéiert, mä och nach d’Musek dozou geschriwwen. „Nothing left to fear“ leeft dëse Weekend an Amerika un, an et soll net just bei där enger Kéier bleiwen. De Slash huet scho Pläng fir e weideren Horror-Movie, mä fir d’éischt finaliséiert ën lo mol säi nächsten Album, deen 2014 wäert erauskommen.

Nothing left to fear - Trailer