Am Juli hat d’Lauryn Hill mussen a de Prisong goen – d’Ex Fugees-Sängerin hat ronn 1 Millioun Dollar Steieren hannerzunn. D’Lauryn, Mamm vu 6 Kanner, ass lo no 3 Méint fréizäiteg entlooss ginn, a soll 3 weider Méint ënner Hausarrest ofsëtzen. D’Zäit am Prisong hat d’Sängerin genotzt, fir e neit Lidd ze schreiwen. Am Titel „Consumerism“ attackéiert hatt di modern Art a Weis ze liewen – ausserdeem geet et ëm Theme wéi Sexismus a Rassismus. En eventuelle Releasedatum ass awer nach onbekannt.