Tescht 1986 a 1998 hat Amnesty International 4 sougenannte “Human Rights Concerts” organiséiert. Dës 4 Optrëtter krit dir elo als 34 DVD an 2 CD Set ze kaafen. Um éischte Concert hate 1986 z.B. U2, The Police an de Bryan Adams gespillt. Um 2.DVD sinn Ausschnëtter vun der “Human Rights Now!” Tour vu 1988, wou ë.a. de Bruce Springsteen, de Peter Gabriel an d’Tracy Chapman opgetruede waren. Am ganze sinn et 120 verschidde Lidder op deene 4 DVDen, an d’Spilldauer läit bei knapp 17 Stonnen. Dat besonnescht um Coffret: 3 vun de 4 Filmer ware bis elo onverëffentlecht.