D’BBC huet e Lidd vum Ellie Goulding als Titelsong ausgewielt, fir d’Editioun 2013 vun „Children in Need“ – e grousst a bekannt Charity-Event, dat zanter Joere fir hëllefsbedürfteg Kanner organiséiert gëtt. De 15.November wäert di eigentlech Teleeës Show dozou gesent ginn – do wäert d’Ellie da mat „How long will I love you“ optrieden. Schonn am Virfeld wäert di Charity-Single natierlech op de Marché kommen. D’Ellie war iwwerrascht an ass zugläich frou, dass hatt dest Joer dat Lidd däerf sangen – als Kand hätt hatt di Show ëmmer gekuckt. „Children in Need“ hat bis elo 6 Nummer 1 Singlen a Groussbritannien – Mëtt November dann eventuell di 7. …