Glastonbury ’14: Wetten, dass..?

D’Wetten op d’Headlineren um Glastonbury Festival ’14 lafen op Héichtouren – Daft Punk ënnert de Favoriten

Leschten Update: 08.10.2013, 14:45:44

© AFP

Kaum war de Glastonbury Festival 2014 a Rekordzäit ausverkaaft, gëtt drop gewett, wéi eng Gruppen d’nächst Joer am Juni als Headliner wäerten optrieden. Favorit ware Fleetwood Mac – déi sinn awer lo vun de Wettlëschte geholl gi, well et ze vill Spekulatioune ginn a well se op UK Tour ginn. Neien Topfvorit sinn de Moment Daft Punk, virun Depeche Mode an dem David Bowie. Elbow an Oasis missten sech reforméiere, fir de Wette gerecht ze ginn (do ass och wahrscheinlech vill Wonschdenken dobäi), a laut den englesche Wettbüroen sinn och vill Leit der Iwwerzeegung, dass de Prince, Kasabian, oder Arcade Fire Headliner zu Glastonbury wäerte sinn.