Udo Lindenberg : Geilomat !

Zwee grouss Stadion-Concerten zu Leipzig an zu Düsseldorf – ganz Stadion-Tour net ausgeschloss

Leschten Update: 09.10.2013, 11:28:30

© afp

Westernhagen a Grönemeyer hunn et viru Joere virgemaach, an den Udo Lindenberg zitt elo no. Concerte ginn a grousse Futtballstadien. De Panikrocker trëtt de 7.Juni d’nächst Joer zu Düsseldorf am Stadion op – eng Woch duerno an deem zu Leipzig. Mécht 2 x 50.000 begeeschtert Fans. Pläng dofir gouf et scho länger, den Udo a säin Team hu lo alles beieneen fir eng super Show, déi just an engem Stadion funktionéiere kann. De Virverkaf op www.eventim.de fänkt nächsten Dënschde Moien un.