Lo de Weekend kënnt de Best-Of-Album vun TLC op de Marché – Titel “20”. Sämtlech Hitte wéi “Waterfalls” a “Creep” sinn drop, awer just, bëssen enttäuschend, 1 neit Lidd. „Meant to be“, sou den Titel, gouf vum Ne-Yo geschriwwen, an ass eng Midtempo-R&B-Nummer am klasseschen TLC-Stil. Am Juli waren se fir d’éischt zanter 4 Joer nees opgetrueden. De Part vum verstuerwene Lisa „Left Eye“ Lopes hat deemools d’Rapperin Lil Mama iwwerholl. A genee si spillt och d’Roll vum Lisa an engem Film iwwert d’Karriär vun TLC, deen den 21.Oktober op VH1 wäert lafen – Titel: „CrazySexyCool“.