Paul McCartney: Optrëtt an der Sinatra-Schoul

Wéi aus enger gewéinlecher Froeronn opeemol e richtege Concert gouf

Leschten Update: 10.10.2013, 12:08:02

© afp

De Paul McCartney huet gëschter zu New York e spontane Concert ginn. De fréiere Beatle war fir eng Froeronn an d’Frank Sinatra Konschtschoul komm. Eng 400 Studenten hunn dem Paul all méiglech Lächer an de Bauch gefrot, an deem schéngt dat sou gefall ze hunn, dass en duerno spontan e Concert ginn huet. Di 13 Lidder goufen opgeholl, a kann ee gratis op iHeartRadio.com an op Yahoo lauschteren. Dat ganzt war natierlech eng Promoaktioun fir dem McCartney säi neien Album „New“, deen lo de Weekend wäert erauskommen.