Sugababes: Lorde Cover

D’Urformatioun vun de Sugababes, elo bekannt als MKS, covere „Royals“ vum Lorde

Leschten Update: 10.10.2013, 11:15:14

Ënnert der Ofkierzung MKS maachen d’Originalmembere vun de Sugababes ërem Musek. Leschte Mount haten d’Mutya, d’Keisha an d’Siobhan hir nei Single „Flatlines“ presentéiert, a waren och di éischte Kéier zanter 12 Joer rëm zesummen opgetrueden. Viru kuerzem hunn di 3 dann am Kader vun engem Optrëtt dem Lorde säin éischte groussen Hit „Royals“ gecovert (op musek.eldo.lu de Video). Der jonker Neiséilännerin hiren Debutalbum „Pure Heroine“ kënnt Enn des Mounts op de Marché, a kéint e Milliouneseller ginn. „Royals“ steet de Moment scho mol op Plaz 1 an de Billboard Charts.