Gabrielle: Net di gréisste Stëmm

No 20 Joer nei Versioun vum 1.Hit “Dreams”, opgeholl a produzéiert vum Naughty Boy

Leschten Update: 10.10.2013, 11:20:43

Enn November kënnt dem Gabrielle säi neien Album “Now & Always: 20 Years of Dreaming“ eraus. Mat drop ass eng nei Versioun vu sengem éischten Hit “Dreams”. D’Lidd gouf vum Naughty Boy ganz nei opgeholl a produzéiert. Kennegeléiert haten di 2 sech, wéi hatt e Lidd fir säin aktuellen Album agesongen huet. Interessant Remarque vum Singer/Songwriter/Producer: „D’Gabrielle huet net di gréisste Stëmm vun der Welt. Mä eng aussergewéinlech. Keng aner Sängerin huet jeemools sou geklongen, an dat wäert och an Zukunft sou bleiwen“.