Nirvana: In Utero 2013 Mix

No 20 Joer kënnt eng nei limitéiert Extra-Versioun vum leschte Nirvana Album “In Utero” eraus

Leschten Update: 11.10.2013, 11:13:58

© facebook/nirvana

“In Utero”, den 3. a leschten Album vu Nirvana, ass schonn 20 Joer al, an dowéinst viru kuerzem nach eng Kéier nei released ginn. Den Originalproducer Steve Albini huet den Album lo nach eng Kéier, mam Dave Grohl senger Erlaabnis, an de bekannten Abbey Road Studios, op d’Foss geholl. Dëse, soe mir mol „In Utero 2013 Mix“ wäert Enn November als limitéiert Duebel-Vinyl-Album op de Marché kommen. Eventuell e coole Chrëschtdagscadeau fir de geneigte Nirvana-Fan...