Thomas D: Aufstieg und Fall des Tommy Blank

De Rapper vun de Fantastischen Vier bréngt kuerz viru Chrëschtdag säi 4.Studioalbum eraus

Leschten Update: 11.10.2013, 11:17:28

© facebook

Neit Material vun de Fantastischen Vier ass nach net en vue, dowéinst konzentréiert sech den Thomas D einstweilen op seng Solokarriär. Den 20.Dezember wäert säi neie Studioalbum op de Marché kommen. Titel: Aufstieg und Fall des Tommy Blank. Ganz vill Infos zu sengem 4.Studioalbum ginn et leider nach net, mä den Thomas huet awer schonn e klenge Videoclip online gesat, fir eis Appetit ze maachen...