
© afp
Viru kuerzem huet op YouTube e Video d’Ronn gemaach, wou eng jonk Fra op kreativ Aart a Weis hir Aarbecht gekënnegt huet. Am Clip huet d’Marina Shifrin op d’Lidd „Gone“ vum Kanye West gedanzt. Dee Song ass vun 2005 – well dem Marina säi Video awer souvill Klicke krut, hunn därmoosse vill Leit sech lo dat Lidd vum Kanye erofgelueden, dass et vu 0 op 18 an d’Billboard Charts geklommen ass. An, den Här West deet och op anere Plaze vu sech schwätzen – am Jimmy Kimmel senger Late Night Show huet de Rapper sou laang geschwat, dass den Optrëtt vun den Arctic Monkeys, deen duerno geplangt war, aus Zäitgrënn huet musse gestrach ginn.