D’Taylor Swift ass jo eigentlech an der Countrymusek grouss ginn. D’Sängerin huet lo dem “Education Center at the Country Music Hall of Fame and Museum” zu Nashville 4 Milliounen Dollar gespent. Domat goufen op 2 Stäck direkt 5 nei Klassesäll geschaf, wou ënnerschiddlechst Elementer geléiert ginn. Wann säin Agenda et zouléisst, wëllt d’Taylor souguer heiansdo dohi komme, fir u Seminairen deelzehuelen. Als Merci fir di grouss Spend gouf di Musekschoul lo no der Madame Swift benannt.