Music NewsTomorrowland: Sold out a 66 Minutten!

Dëse Weekend ass weltwäit de Virverkaf fir den Tomorrowland-Festival 2017 ugaangen. D'Tickete waren nees a kuerzer Zäit fort!

Leschten Update: 07.02.2017, 16:31:08

© afp

No nëmme 66 Minutte goufen et scho keng Tickete méi ze kafen. Dobäi waren dëst Joer duebel sou vill Ticketen an d’Vente gaangen wéi 2016. Den Tomorrowland wäert am Summer op direkt 2 Weekender ofgehalen ginn: Vum 21. - 23. Juli an vum 28. - 30. Juli.

Iwwer 400 DJe ginn hei erwaart. Dorënner Dimitri Vegas & Like Mike, David Guetta, a Robin Schulz.