Musek NewsDen Ed Sheeran gouf vum Türsteher net era gelooss

Den Ed Sheeran wollt e Sonndeg no der Grammy Zeremonie nach op eng Aftershow Party vum Event. Dee Plang huet hien awer missen änneren.

Leschten Update: 18.02.2017, 18:33:34

© afp

Obwuel den Ed Sheeran seng Single „Shape of you“ bei der Präisverdeelung performt hat, gouf hien vum Türsteher net era gelooss. Dat war net just bei der Afterparty vu sengem Plackelabel de Fall, mä bei all den Afterpartyen.

Mä net just den Ed Sheeran gouf net era gelooss, och den Oscargewënner Adrien Brody an den DJ Pete Tong hu missen dobausse bleiwen, well de Club anscheinend scho voll war. Wat den Ed Sheeran net versteet: Wann een op déi Partye geet, sinn do just e puer Staren. Di meescht Clienten awer sinn einfach Leit vun L.A. déi mol guer net bei de Grammyen dobäi waren.