Musek NewsDe Kollegah schléit e Fan op der Bühn a gëtt dofir gefeiert

De Kollegah huet bei sengem Concert de Weekend zu Leipzig léiwer seng Fauscht agesat, wéi mat musikaleschen Qualitéiten z’iwwerzeegen.

Leschten Update: 20.03.2017, 17:44:56

De Weekend huet de Kollegah seng Imperator-Tour ugefangen, mat engem Concert zu Leipzig. Während der Performance hat de Rapper d’Iddi, 2 Fans op d’Bühn ze huelen, déi dunn am Rap-Battle ugetruede sinn. Ee vun de Kontrahenten wollt als Souvenir dem Kollegah säi Sonnebrëll klauen. Bei deem ass déi Aktioun guer net gutt ukomm an dofir huet hien einfach mol zougeschloen.

De Kollegah huet sech bis ewell nach net zu Wuert gemellt.