Musek NewsGreen Day rechtfertegen hire Concert nom déidlechen Accident

Um Mad Con Festival zu Madrid gouf et de Weekend een déidlecht Accident. Green Day hu kuerz drop hire Concert gespillt. Dofir krute si vill Kritik.

Leschten Update: 10.07.2017, 14:19:22

Beim „Mad Con“-Festival zu Madrid as een Akrobat während senger Performance déidlech accidentéiert. Di 35.000 Mënschen am Publikum waren schockéiert- verschiddener och, well Green Day knapp 40 Minutten méi spéit hire Concert gespillt hunn. Wéi d’Museker lo op hirer Homepage kloer stellen, hunn si näischt vum Accident gewosst. Si wieren dat réischt gewuer ginn, wéi de Concert eriwwer war. Wann si et gewosst hätten, hätten si wahrscheinlech net gespillt.