Musek NewsSean Paul den 12. November an der Rockhal!

Séchert iech är Tix schonn virum offiziellen Virverkaf.

Leschten Update: 14.09.2017, 11:45:42

© FADEL SENNA / AFP

De Museker huet seng Karriär am Joer 2002 mat sengem 2. Studioalbum Dutty Rock ugefaangen. Den Album aus dem d’Singles Gimmie The Light a Get Busy entspronge si war och an de Billboard Hot 100 dran.

De Sean Paul kënnt den 12. November an d’Rockhal. Dir kënnt iech är Tix awer elo scho virum offiziellen Virverkaf hei sécheren!

De Sean Paul war nach ni aus der Musekszeen verschwonnen. Seng Zesummenaarbecht bei de Lidder Cheap Thrills oder Rockabye ass nach bei ville Leit an den Oueren.

De Succès vu sengem Albumen a senger live Performance huet hien zu deem gemaach wat en ass. E Star. Hien war den éischte Jamaikanesche Museker deen am Kasachstan an am Madagaskar opgetrueden ass.

Iwwer 100 Länner an deenen hien op der Bühn stoung kann hien ofhaken. Seng mulit-nationale Presenz am Museksbusiness stäerkt hien duerch EDM, POP oder och LATIN.

Seng Zesummenaarbecht mam Busta Rhymes, Beyoncé, Rihanna oder och mam Nicki Minaj weise wéi wichteg hien an der Musekswelt ass.

Links