Musek NewsChester Bennington †

Witfra weist leschte Video viru sengem Dout.

Leschten Update: 18.09.2017, 14:03:38

© STEPHANE DE SAKUTIN / AFP

„Dat ass de perséinlechsten Tweet, deen ech jee gemaach hunn“ schreift Talinda Bennington dobäi. „Ech weisen iech en fir dass die wësst dass eng Depressioun kee Gesiicht a keng Stëmmung huet.

Am Video gesäit een dann den Chester Bennington wéi hie mat senger Famill a senger Kanner spillt. Se iessen eng Zort Jelly Beans déi wéi et schéngt net schmaachen. Hien iwwerspëtzt seng Reaktioun an iwwerdreift komplett. Wien de Film kuckt, kritt d’Impressioun dass hei eng glécklech Famill hiert d’Liewe genéisst.

36 Stonne méi spéit huet den Chester Bennington sech d’Liewe geholl. Hien ass nëmmen 41 Joer al ginn.