Musek News#metoo Uschëllegung fir de Nick Carter

De Backstreet Boys Museker gëtt elo vun enger Ex-Kollegin der Vergewaltegung beschëllegt.

Leschten Update: 23.11.2017, 15:14:56

© FREDERIC J. BROWN / AFP

D’Melissa Schuman geheit dem Nick Carter fier hatt viru 15 Joer als Teenager vergewaltegt ze hunn. De Carter selwer wëll dovun näischt wëssen a seet dat wier am Averständnis vu béide Parteie geschitt.

Deemools hat d’Musekerin 17 Joer. De Carter soll hat no Prouwe bei sech Heem invitéiert hunn fir hatt dono am Schlofzëmmer ze violéieren. Ëmmer erëm huet Musekerin de Carter gefrot fir ob ze hale wat dësen awer net gemaach huet. Do héiert ee bestëmmt nach méi an de nächsten Deeg a Wochen.