Musek NewsN.E.R.D sinn zeréck

Fir hire Song Lemon hunn sinn sech esouguer d’Rihanna mat an d’Boot geholl. Et gi nach méi N.E.R.D News.

Leschten Update: 23.11.2017, 15:18:17

© ETIENNE LAURENT / AFP

Den Titel vum Album ass scho bekannt. No One Ever Really Dies. Aus den Ufanksbuschtawe vum Albumnumm huet een dann erëm de Numm vun der Band. Elo huet de Pharrell matgedeelt wéini den Album da soll eraus kommen. An zwar de 15 Dezember vun dësem Joer.

D’Fans si schonn net méi ze halen, ëmmerhin hunn si misse 7 Joer op e neien Album waarden. Nach mat um Album sinn den Ed Sheeran den Andre 3000 vun Outkast an och de Kendrik Lamar.