Musek News"All you can shop" mam Drake

Den Drake invitéiert seng Fans op seng Aktioun "All you can shop".

Leschten Update: 07.02.2018, 15:12:29

© afp

An engem Supermarché zu Miami stoung den US-Rapper Drake op eemol mat engem Micro an der Hand do an huet d’Leit dozou opgefuerdert, esou vill wéi méiglech an hire Caddy ze paken, hien géing alles bezuelen! 4.000 Dollar soll di ganz Aktioun kascht hunn.

Vill Zäit vir seng Fans huet den Drake sech dobäi och nach geholl an natierlech fläisseg Selfien mat hinne gemaach.

D’Aktioun war och e Merci un dee Supermarché, an deem den Drake säin neien Museksvideo zu "God’s Plan" gedréit huet.