Musek NewsBis zu 30.000€ fir Pharrell Williams Sneakers

Um Schwaarzmaart gi bis zu 30.000 Euro fir d'Pharrell Williams Sneakers bezuelt.

Leschten Update: 07.02.2018, 15:12:30

© afp

Zesumme mat Adidas an Chanel huet de Pharrell Williams d'lescht Joer den "Hu NMD" Sneaker op den Marché bruecht. Bannent kuerzer Zäit war des limitéiert Editioun dann och schonn ausverkaaft. Trotz stolzem Präis vun 1.000€.

Dass awer elo um Schwaarzmaart bis  zu 30.000 Euro fir den Sneaker gefrot gëtt, hätt kee geduecht! De Pharrell Williams versteet dat selwer net a freet: "Et sinn dach just Schong, wisou deen Hype?"