
© afp archiv
Keen Grammy gouf et vir de Luis Fonsi säi Summer Hit "Despacito", dofir dierf hien elo awer op en Latin Music Award hoffe, wou hie ganzer 10 Mol nominéiert ass an dat ënnert anerem an de Kategorien 'Hot Latin Song of the Year', 'Airplay Song of the Year' a Latin 'Pop Song of the Year'.
Weider Nominéierter sinn den Enrique Inglesias, de Pitbull an d'Jennifer Lopez. Méi erstaunlech bei de Latin Music Awards dierft dann dem Ed Sheeran seng Nominéierung sinn. Déi ass awer vir de 'Crossover Artist oft the Year'.