
© afp archiv
Dass de Will Smith gäre mol bëssi de Geck mat de Leit mécht kenne mir nach aus senge 'Fresh Prince of Belair'-Zäiten. Elo muss säin eegene Bouf drun gleewen!
Op Instagram huet de Will Smith e Video gepost, wou hien dem Jayden säi Musek Video 'Icon' parodéiert. Do ass de Papa Smith mat Grillz am Mond a blondéierten Hoer ze gesinn, genau sou wéi säi Bouf. Dee fënnt dat och richteg gutt a seet, dass dat dat witzegst wier, dat hie jee a sengem Liewe gesinn hätt. Fir hien ass de Will Smith dee beschte Pap, deen ee sech kéint virstellen.