
Op Instagram huet den James Bay e kuerze Video gepost mam Hashtag 'Wildlove' a mam Datum vum 8. Februar 2018.
Wéi deen 27 Joer ale Songwriter verréit, gouf hien hei staark vum Frank Ocean a vum Chance The Rapper beaflosst. Hei ee klengen Extrait:
Dee ganze Song soll dësen Donneschdeg Owend offiziell eraus kommen. Et ass déi éischt Single vum James Bay sengem 2. Album.