Musek NewsSam Smith seet senger Mamm Merci

De Sam Smith huet e Song vir seng Mamm geschriwwen a wëll hir domadder Merci soen.

Leschten Update: 13.02.2018, 12:11:51

© YouTube

De britesche Sänger Sam Smith seet senger Mamm elo Merci an dat mat engem Song dee sech "Get here" nennt. An engem oppene Bréif schreift de Sam Smith, dass hie sech als Kand Schallplacke vum Oleta Adam sengem "Get here" mat senger Mamm ugelauschtert huet an dofir huet hien dëse Song elo néi opgeholl an e senger Mamm gewidmet. Schonn am Alter vu 4 Joer huet hie senger Mamm gesot, dass hien homosexuell wier a si huet hire Bouf ëmmer gestäerkt, an allem wat hie gemaach huet a souguer hiren Job gekënnegt, vir de Sam Smith ze ënnerstëtzen.