
© ARMEND NIMANI / AFP
Am Oktober läscht Joer stoung d'Dua Lipa nach hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal op der Bühn. Mëttlerweil ass hat an den USA ënnerwee an och aner Popstars wëllen sech d’Newcomerin live ukucken. D'Dua Lipa huet elo eng Foto vun sech an dem Katy Perry no engem Concert gepos a seet, dass hat nach viru puer Joer beim engem Katy Perry-Concert an der éischter Réi stoung a souguer mat op d’Bühn duerft. Elo kennt Katy Perry op säi Concert!