Musek NewsKeng Smartphones op Kendrick Lamar Concert!

Et soll een erliewen an net just filmen!

Leschten Update: 13.02.2018, 14:55:05

© ROBYN BECK / AFP

Op all Concert gesäit ee Leit déi permanent filmen. Wien awer op en Kendrick Lamar Concert geet deen huet an Zukunft de Smartphone besser an der Täsch. Sou fuerdert de Rapper seng Fans op de Concert mat den eegenen Aen ze kucken an erliewen an sech net just op de Smartphone konzentréieren. Domadder ass hien awer net den éischten, Stare wei Alicia Keys oder och Guns N'Roses leen hire Fans un d'Häerz de Smartphone während dem Concert anzepaacken. De Kendrick Lamar geet awer elo nach gären en Schratt méi wäit a well souguer de Professionelle Fotografen den Zoutrëtt mat Kamera op senge Concerte verbidden.