Musek News"Meant to be" brécht e Rekord an de Country-Charts

D’Bebe Rexha huet mat senger Single „Meant to be“ net just e groussen Hit gelant, mee lo huet d’Sängerin och nach ee Rekord opgestallt.

Leschten Update: 14.02.2018, 15:06:16

D’Bebe Rexha ass bekannt fir Popsongs wéi „Me, myself & I“ oder „I Got You“. Elo d‘Sängerin mat senger Single „Meant to be“ awer  an engem anere Genre ee Rekord gebrach: an de Billboard Country Charts ass „Meant to be“ 11 Wochen op der Spëtzepositioun. Dat ass di längste Period, déi eng weiblech Kënschtlerin an dësen Charts je op Plaz 1 war.

Virdrun huet iwwregens d’Taylor Swift de Rekord an de Country Charts gehalen, wat mat der Single „We are never ever getting back together“ 10 Wochen Nummer 1 war.