
© afp
Ënnert dem Titel "The Legend and Mythology of the 27 Club" bréngt de Kiss-Member Gene Simmons ee Buch iwwert dëse geheimnisvolle "Club 27" eraus. Hei wëllt hien opklären, firwat sou vill Rockstaren grad mat 27 Joer ëm d’Liewe komm sinn. Ausserdeem wëllt hien eraus ze fannen, wat räich a berühmt Museker a sou jonke Joren dozou bréngt, sech selwer ze zerstéieren. Den Gene Simmons mengt, dass hien genee dee Richtegen fir dat Thema ass, well hien selwer ëmmer d’Fangere vun Drogen gelooss huet. Di eenzeg Droge, déi säi Kierper jee erreecht hätt, wier Laachgas beim Zänndokter gewiescht.