Imagine Dragons"Imagine Dragons"-Dag um Eldo

D'Imagine Dragons kommen e Samschden Owend fir déi 3. Kéier op Lëtzebuerg an dofir versuerge mir iech e Freiden mat exklusiven Infos ronderëm de Concert!

Leschten Update: 14.02.2018, 18:02:54

Freides dréint sech bei eis alles ronderëm d'Imagine Dragons!

1540 Deeg nodeems d'US Amerikaner vun den Imagine Dragons fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg gespillt hunn, wäerte Si e Samschden Owend nees op der Bühn vun der Rockhal stoen. Am November 2013, knapp zwee Méint nom Release vun hirem Debutalbum "Night Visions" ware Si zu Lëtzebuerg, genee esou wéi am Januar 2016. Ma de Concert dëse Samschden ass fir d'Museker ëm de Sänger Dan Reynolds an de Public e ganz aneren. Den Hype ëm d'Imagine Dragons ass mat hirem drëtten Album "Evolve" an de Singlen "Thunder" a "Whatever It Takes" duerch de Plafond gaangen.

De Concert vun den Imagine Dragons ass den éischte richteg grousse Concerts-Highlight 2018!

Mam neien Album an dem Song "Thunder" waren d'Imagine Dragons an dësem Joer och fir zwee Grammy Awards nominéiert. Si hunn sech awer Portugal. The Man an dem Bruno Mars misse geschloe ginn. Ma esou e Grammy Award hu Si awer schonn doheem stoen, kritt 2014 fir "Radioactive" an der Kategorie 'Best Rock Performance'. 

Iwwer 12 Milliounen Alben a 35 Millioune Single hunn d'Museker vu Las Vegas bis haut verkaf.