
© afp
"Extremely Wicked, Shockingly Evil And Vile" ass ee Film iwwert den Ted Bundy, ee vun de schlëmmsten Seriemäerder an der amerikanescher Geschicht. De Sänger spillt d’Roll vun deem Polizist, deen de Verbriecher 1975 bei enger Kontroll als éischt festgeholl hat. Den James Hetfield ass beim Film a prominenter Gesellschaft: den Zac Efron spillt den Ted Bundy, an weidere Rollen sinn ënner anerem den John Malkovich an den Jim Parsons ze gesinn. Wéini de Film uleeft, steet nach net fest.