Musek NewsD'Dua Lipa knackt ee Rekord op Youtube

An den Charts ass d’Dua Lipa mat senge Singelen scho ganz erfollegräich, elo huet d’Sängerin och op Youtube e Rekord opgestallt.

Leschten Update: 15.02.2018, 17:18:40

© afp

D’Dua Lipa ass di déi jéngst weiblech Kënschtlerin, déi et fäerdeg bruecht huet, mat engem Museksvideo iwwert eng Milliard Views ze kréien. Säi Clip zu "New Rules" huet dëse Niveau de 14. Februar iwwerschratt. "New Rules" ass iwwregens och deen 100. Museksvideo op Youtube, deen eng Milliard Views geknackt huet.