Musek NewsDe 50 Cent bréngt eng néi Serie am Mäerz eraus

No der Serie "Power" bréngt den Rapper elo a Collaboratioun mat Sony "The Oath" eraus.

Leschten Update: 26.02.2018, 19:15:50

© VALERY HACHE / AFP

Dass de Curtis James Jackson III ausserhalb vun der Musekszeen eng Präsenz huet, ass kee Geheimnis.

Télé, Filmer, Spiller, en war iwwerall schonn dobäi.

Seng neiste Produktioun ass eng Serie mam Numm “The Oath”.
Déi huet de Rapper op senger Instagram Säit promote an et gëtt och schonn en Trailer.
D’Serie handelt vun der krimineller a korrupter Ënnerwelt an de Stroossen vu Los Angeles.

Kucke kann een dem 50 Cent säin neiste Projet vum 8. Mäerz un op Crackle, der Streaming-Plattform vu Sony.


Stream my new Series The Oath Free March 8 Sony Crackle. #denofthieves #power

Ein Beitrag geteilt von 50 Cent (@50cent) am