Musek NewsBravo Hits 100

Dëse Freide kënnt déi 100. Editioun vum Sampler op de Marché!

Leschten Update: 26.02.2018, 19:15:43

© Eldoradio

A wien huet nach eng CD vun där Zort doheem trëllen?
Haut bastelt en einfach séier eng Playlist zesummen a schonn steet d'Musek fir d'Party den Owend. Fréier war dat méi ëmständlech. Entweder et huet een all eenzel Lidd op eng Kassette opgeholl oder no all Titel d'Plack oder d'CD gewiesselt.




Praktesch waren do Compilatiounen wéi d'Bravo Hits. En aktuellen Lidder-Mix op zwou CD'en. Déi aller éischt Bravo Hits koum den 21. Abrëll 1992 eraus. Deemools war et just eng CD mat 16 Lidder drop. Alternativ konnt een se och als Plack oder op Kassette kafen.