Musek NewsJustin Timberlake Tour huet schonn 100 Mio Dollar agespillt

Den Justin Timberlake huet nach keen eenzege Concert vu senger „Man of the Woods Tour“ gespillt,  awer schonn 100 Milliounen Dollar domat ageholl!

Leschten Update: 19.02.2018, 14:03:45

© afp

Am Kader vu senger Tour spillt den Justin Timberlake 50 Concerten an Nordamerika an 16 an Europa. Bis ewell huet hien iwwer 700.000 Tickete verkaf an 100 Milliounen Dollar ageholl. Op eenzelen Plazen an den USA, wéi LA, New York oder Chicago huet en elo schonn eng 2. Zousaz-Show geplangt, also en 3. Concert, well déi 2 éischt all kéier esou séier ausverkaf waren- an dat obwuel Ticketen 150 Dollar oder méi kaschten!