
© afp
Schonn am September 2017 haten d’Black Eyed Peas erkläert, dass si och ouni d’Fergie weider aktiv wieren an géingen Lidder eraus bréngen. Geschwënn kéinten si awer een neie Bandmember annoncéieren. De will.i. am sot nämlech, dass hien de Moment mat der fréierer Pussycat Dolls Sängerin Nicole Scherzinger a Kontakt wier, Detailer ginn et awer nach keng.
D’Fergie selwer steet iwwregens grad wéinst senger bizarer Performance vun der US-Hymne beim NBA All-Star Game an der Kritik. De grousse patriotesche Moment goung bei him leider komplett an d’Bocks an huet fir entsate Gesiichter gesuergt.