Musek NewsNom Amoklaf ruffe Museker zum Protest op

Nom Amoklaf an enger Schoul zu Parkland a Florida ruffen Staren lo zu enger Protestaktioun op.

Leschten Update: 20.02.2018, 14:57:44

© afp

No enger Riet vun der Schülerin Cameron Kasky steet di ganz Promiwelt hannert him. An de soziale Medien ruffen d’Staren zu enger Manifestatioun de 24. Mäerz zu Washington op, wou soll fir eng méi streng Waffekontroll protestéiert ginn. Ënnert dem Hashtag „MarchForOurLives“ äusseren sech Museker an den social Medien, Staren wéi d’Hayley Williams vun Paramore, d’Lauren Jauregui vun Fifth Harmony an den Justin Bieber.

Vill Staren haten sech schonn direkt nom Amoklaf de 14. Februar fir eng mi streng Waffekontroll an den USA ausgeschwat.