
© afp
Fir säin neie Video huet den Drake sech eng ganz besonnesch Iddie ausgeduecht. Mat enger Millioun Dollar ass hien zu Miami ënnerwee fir Guddes ze maachen. 50.000 Dollar gëtt hien un ee Fraenhaus, 20.000 Dollar un di lokal Pompjeeën, an an enger weiderer Szene bezilt den Drake an engem Supermarché sämtlech Akeef vun de Client’en. Statt d’Suen an deier Animatiounen a special effects ze stiechen, verschenkt den Drake se also einfach!
Vläicht féiert dem Drake säi groussen Afloss an der Rap-Szene jo dozou, dass mer geschwënn méi Rap-Video‘en aus dëser Richtung wäerten ze gesi kréien.